Hosted by radio 100,7 · EN
No zwee Joer CSV-DP-Regierung leeft et net gutt fir déi gréisste Regierungspartei. Déi nei Ëmfrowäerter, déi gëschter Owend publizéiert goufen, si besonnesch fir de Premier an CSV-President Luc Frieden problematesch. Hien, deen aus der Privatwirtschaft zeréckkoum fir d'CSV nees zeréck un d'Muecht ze féieren, muss no nëmmen zwee Joer nokucken, wéi d'Muecht him entwutscht. E Kommentar vum 100,7-Chefredakter
De Rishi Sunak ass bekannt e Politiker ze sinn, dee kee Risiko hëlt. Seng Decisioun, Wale méi fréi wéi erwaart a méi fréi wéi néideg ze organiséieren, huet dofir ufanks iwwerrascht. Um Moie vun der Ukënnegung, de Mëttwoch, waren d'Inflatiounszuele grad erakomm, a si ware besser wéi erwaart: 2,3 Prozent. Eis London-Korrespondentin analyséiert d'Situatioun.
Senegal, Togo, Südafrika... – 2024 ass e grousst Waljoer um afrikanesche Kontinent. 19 Wale ginn ofgehalen – E Rekord vun der Demokratie an Afrika. Iwwerdeems kéinten et Iwwerraschungen an e puer Länner ginn an an anere wäerten déi, déi un der Muecht sinn, confirméiert ginn.
Am Gespär vum Gemengenhaus vu Jonglënster ass de 25. Januar ee Feier ausgebrach. Persoune goufen dobäi zum Gléck net verletzt. Allerdéngs sinn Deeler vum Gemengenarchiv Affer vun de Flame ginn. De Virfall geheit Froen zur Archiv-Féierung an de lëtzebuergesche Gemengen op. Ee Commentaire vum Gilles Schreurs, Archivist beim 100,7.
Déi nei CSV-DP-Regierung wollt d‘Land vun enger ze grousser Bürokratie befreien an d‘Ekonomie nei beliewen. Bis elo huet si et awer just fäerdeg bruecht, wéinst dem Autoriséiere vum partiellen Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg massiv an der Kritik ze stoen. Déi nei CSV vum neie Luc huet hire Regierungsstart no zéng Joer an der Oppositioun nawell ferm an de Sand gesat. E Kommentar vum Jean-Claude Franck
Vun haut un huet Lëtzebuerg eng nei Regierung. Déi zéng Ministeren a fënnef Ministerinne vun der CSV a vun der DP ginn de Moie vum Grand-Duc vereedegt, gëschter (16.11.) gouf de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen. Bis elo mécht déi nei Koalitioun kee souveränen Androck, a se preparéiert de wirtschaftsliberale Wee fir e schlanke Staat, deen d‘Ongerechtegkeete riskéiert ze vergréisseren, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.
Wärend d‘CSV an d‘DP sech grad iwwer e Koalitiounsprogramm eens ginn, confirméiere sech ëmmer méi déi schlecht Wirtschaftszuelen. De Statec geet fir dëst Joer vun enger ekonomescher Rezessioun aus a vun engem just éischter schwaache Rebond fir 2024. Mee Experten hu Recht wa si soen, datt dat alles keng nei Informatioune sinn, E Kommentar vum Jean-Claude Franck
D‘CSV an d‘DP schaffen den Ament un engem Koalitiounsvertrag. An de Verhandlunge krute si schwaarz op wäiss presentéiert, wat se eigentlech scho musse gewosst hunn: An zwar datt de Staat am Moment vill méi Suen ausgëtt wéi en der erakritt. Trotzdeem huet d‘CSV am Walkampf massiv Steierreduktioune versprach. Dat alles wäert esou net opgoen, a riskéiert fir déi nei Koalitioun och zu engem grousse Probleem ze ginn, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar
Lëtzebuerg ass de Moie mat der Feststellung erwächt, datt déi politesch Landschaft sech verännert: No zéng Joer Blo-Rout-Gréng kënnt déi nächst fënnef Joer eppes, wat d'Land virdru gutt kannt huet: Eng Zweeër-Koalitioun, déi vun der CSV ugefouert gëtt. Datt d'CSV et no schwierege Joeren an der Oppositioun zeréck un d'Muecht packt, ass eng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.
An zwee Deeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. An domat och indirekt eng Regierungsmajoritéit fir déi nächst fënnef Joer. Déi Parteien, déi et bis an d‘Ronn vun de Koalitiounsgespréicher packen, wäerte frou sinn, wann de Walkampf eriwwer ass. D‘Aarbecht fänkt dann awer eréischt richteg un, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.