
Hosted by RTL Radio Lëtzebuerg · EN

Als éischte Staat op der Welt huet d’Parlament vum Territoire Wyoming 1869 dat aktiivt a passiivt Walrecht fir Fraen agefouert.

Wisconsin ass ee vun de gréisste Mëllech-Produzenten an dee gréisste Kéis-Produzent aus den USA.

West Virginia ass dee Bundesstaat mat de mannsten Akademiker an huet ganz vill mat Aarmut ze kämpfen.

Wann een alleguer d’Äppel, déi am Washington pro Joer produzéiert ginn, géif niewentenee leeën, kéint een 29 Mol d’Äerd ëmkreesen.

Am 18. a fréien 19. Joerhonnert war Virginia de féierende Staat an der US-Politik.

Vermont huet déi héchste Konzentratioun vun Zockerahorn-Beem an ass domat och dee gréissten Ahornsirop-Produzent aus de Vereenegte Staaten.

De Schnéi am Utah ass ee vun deene beschte vun der Welt.

Wann een un Texas denkt, kommen engem natierlech direkt Cowboy-Hitt, Barbecue, Äerdueleg an de Sproch "Everything is bigger in Texas" an de Kapp.

Tennessee krut säi Spëtznumm "The Volunteer State" wärend dem Brittesch-Amerikanesche Krich, dee vun 1812 bis 1815 gedauert huet.

South Dakota ass virun allem bekannt fir de Mount Rushmore National Memorial.