Hosted by radio 100,7 · EN
D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% Invisible”.
Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.
Eng 5-deeleg investigativ Podcast-Serie vun Deutschlandfunk iwwer d'Muechtstrukturen an d'Geschäfter hanner dem internationale Fussball. D'Serie weist, wéi de FIFA-President Gianni Infantino säin Afloss ausgebaut huet a wéi Politik, Suen a Sport enk matenee verbonne sinn. Mat Recherchen, Interviewen an Hannergrondanalyse beliicht de Podcast d'Skandaler ronderëm d'FIFA, d'Weltmeeschterschaftsvergaben a Muechtstrukture vu globale Sportsorganisatiounen.
Erklär&Laach ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laberpodcast vun de Membere vun Duck Féiss: Philippe Berscheid, Baschti Gudenburg a Joe Dennenwald. Zënter 2019 schwätzen déi dräi op humoristesch Aart iwwer Alldag, Aktualitéit, Popkultur an all méigleche Blödsinn, dacks mat villen Insider-Witzer a spontanen Ofschweifungen. De Podcast gëllt als ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuergesche Laberpodcasten.
Eng 6-deeleg Podcast-Serie vum BR, an där d'Journalistin Aylin Doğan no der Ursprongsgeschicht vum bekannten Döner-Logo sicht, deen iwwerall an Däitschland op de Pabeiertuten ze gesinn ass. Aus där Recherche entwéckelt sech eng spannend Geschicht iwwer Migratioun, Entreprenariat a Kulturgeschicht vum Döner.
„Die Abnehmspritze – Schlank um jeden Preis?“ ass e 5-deelege Audio-Doku-Podcast vum NDR an SWR iwwert den Hype ronderëm Ozempic a Co. De Podcast verbënnt perséinlech Geschichten, medezinesch Fakten a gesellschaftlech Froen iwwer Schéinheetsidealer a Selbstoptiméierung.
Paus. ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laber-Podcast mam Yannick Schumacher an der Jill Lallemang. An enger ganz spontaner an internetaffiner Atmosphär schwätzen déi zwee iwwer Alldag,Popkultur, Social Media, Lëtzebuerg an alles wat hinnen duerch de Kapp geet. DePodcast lieft virun allem vun der staarker Chemie tëscht den Hosts, villen Insider-Jokes an enger ganz aktiver Community.
„Gesundes Laufen“ ass e Podcast iwwer gesond a nohaltegt Lafen, mat vill prakteschen Tipps zu Training, Regeneratioun a Verletzungspräventioun. D’Gespréicher riichten sech virun allem u Fräizäitleefer a Leit, déi Sport a Gesondheet besser an hiren Alldag integréiere wëllen. E gëtt moderéiert vum Armand Rech, Grënner vun der Lafschoul Gesundes Laufen.
De Podcast “{ungeskriptet}“ vum Ben Berndt ass eng Gespréichssendung mat laangen, oppene Gespréicher mat ënnerschiddleche Gäscht aus Gesellschaft, Politik a Social Media. D’Gespréicher si meeschtens net geschnidden an erlaben et de Gäscht, hir Meenungen a Perspektiven ouni vill Ënnerbriechung ze deelen. D'Format ass erfollegräich duerch seng Authentizitéit, gëtt awer och kritiséiert, well journalistesch Nofroen an Anuerdnung dacks feelen.
E véierdeelege Doku-Podcast, an deem d’Journalistin Katharina Reckers dräi Deeg mam fréiere Foussballspiller Mario Basler verbréngt. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wien de Mario Basler hanner sengem Image als "leschte richtegen Typ“ wierklech ass. De Podcast kombinéiert Interview, Observatioun a Storytelling a bitt eng perséinlech an deels kontrovers Approche.