Hosted by radio 100,7 · EN

“C’est la nuit et le dehors qui m’ont fait ça, ils m’ont attrapé et ne m’ont pas rendu.” A “Ma gloire” zeechent de Florent Oiseau ee sensibele Portrait vun engem Alkoholiker, deen hin- an hiergerappt ass tëschent der Léift vum Nuetsliewen, den Exzesser an der Irresponsabilitéit vum Alkohol a senge familiäre Verpflichtungen. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies.

Bis Mëtt Oktober kënnt Dir an eisem Nationalmusée um Fëschmaart d’Expo “Vu Lilien a Linnen: Jugendstil, Handwierk a Konscht zu Lëtzebuerg” gesinn. Ufanks vum 20. Joerhonnert, an also am Kontext vun der Industrialiséierung, haten och hei am Land eng ganz Partie innovatiounsfreedeg Kreativer Traditioun an Historismus verworf, fir am Konschthandwierk, an der Architektur an an der Konscht mam Stilmëttel Art Nouveau ze experimentéieren. Mat “Lilien a Linnen” fir eng besser Welt? D’Kerstin Thalau huet d’Fro un déi zwou Expo-Commissairinnen Ulrike Degen a Michèle Walerich vum MNAHA-Departement Arts décoratifs et populaires weiderginn.

De Studenteverband Jonk BAD hëlleft jonke Mënschen, déi am Beräich vu Bibliothéiken, Archiven oder als Dokumentalist:inne studéierte wëllen, sech op de richtege Studiegang ze orientéieren. Dernieft bidde si eng ganz Rei Aktivitéiten un, wéi Ënnerstëtzung fir Stageplazen ze fannen. E weidere wichtege Volet ass awer och, iwwerhaapt op déi Beruffer opmierksam ze maachen a mam verstëbste Ruff opzeraumen. Membere vu Jonk BAD sinn am Gespréich mam Valerija Berdi.

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage

120 Filmer an engem: mat enger representativer Selektioun vun deels restauréierte "vuë" vun de Bridder Lumière realiséiert den Thierry Frémaux eng Rees zréck bei d'Originne vum Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hunn den Documentaire beschwat.

Dräi Lëtzebuerger Produktiounen dierfen dëst Joer op Avignon. Mat ”Les glaces” vun der Sophie Langevin, Une rose plus rouge vun der Christine Müller an Les jours de la lune vun der Renelde Pierlot huet de Comité de sélection vu Kultur ǀ lx dräi feministesch Stécker zeréck behalen, déi sech mat sexueller an digitaler Gewalt a mat der Menstruatioun befaassen – an domat net just Tabu-Sujetenn opgräifen, ma och weiblech Ënnerdréckung an Invisibiliséierung an enger patriarchaler Gesellschaft thematiséieren. D’Sophie Langevin, d‘Christine Muller an d‘Renelde Pierlot am Gespréich mam Jeff Schinker.

Them Lights - fréier de Soloprojet vum Ex-Muntiny-on-the-Bounty-Batteur Sacha Hanlet - mutéiert, an évoluéiert. Recemment, zum Duo, mam Batteur Sergio Manique am Boot. Mee och zesumme mat sëch organesch beweegenden Formen- a Faarfverleef, als immersiv Concertsexperienz den Owend zu Bartréng.

Si gëlt als eng vun de renomméiertsten Actricen op der Welt. D'Isabelle Huppert gouf um leschte Luxfilmfest fir hir laang a bedeitend Karriär virun der Kamera geéiert. Um Festival war si direkt an zwee neie Filmer ze gesinn, dorënner den extravagante Vampirfilm "Die Blutgräfin". De Michel Delage huet mat der Isabelle Huppert geschwat.

“Etat brut” bezeechent de Réizoustand: zum Beispill vun engem Diamant oder Korallen. “Brut” deemno am Sënn vun organesch, natierlech, onbehandelt, awer och primitiv. Et gëtt de salaire brut, ewell och d’information brute, also di net inszenéiert Info op soziale Medien. An der Escher Konschthal ass den owend de Vernissage vun der Expo “Etat BRUIT”. Proposéiert gëtt eng Aart Etat des lieux wat de bruit, also momentan Stéiergeräischer, ugeet. Klangkonscht? D’Kerstin Thalau war begeeschtert a wollt vum Curateur Charles Wennig alles doriwwer gewuer ginn.

Eng japanesch Serie déi 2020 erauskomm ass. Hei landenden Arisu an seng Kolleegen an enger bizarrer Welt a mussen sech Spillerstellen, bei deenen et em Liewen an Doud geet.