Hosted by radio 100,7 · EN
"Peuple de verre" vun der kanadescher Schrëftstellerin Catherine Leroux ass eng als Science-Fiction getarnten Erzielung iwwert eng Logement-Kris, déi als Metapher fir déi ëmmer méi grouss Schéier tëscht aarm a räich déngt. De Jeff Schinker huet de pechschwaarze Roman gelies
Muer ass Fréijoersufank! An...hutt dir di grouss Fréijoersbotz schonn an Ugrëff geholl? Respektiv di al Bieseme prett gemaach, well déi jo anscheinend besser Kieren? D’Performancekënschtlerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde beschäftegt sech zanter Laangem mam Sujet “Botz”, méi genee mat den onsiichtbare Säiten a funktionelle Geste vun net valoriséierte Jobben. Hiren Danzpartner bei der gesellschaftskritescher Performance “work it” ass e Biesem. Den owend kënnt dir di aktuell Versioun an der Escher Kufa materliewen: d’Clio Van Aerde war do elo ee Mount a Kënschtlerinneresidenz an d’Kerstin Thalau war bis laanscht.
Zënter e Mëttwoch ass d'Leipziger Buchmesse op. No Frankfurt ass et déi zweetgréisste Bicherfoire an Däitschland, an eng vun de wichtegsten an Europa. Kee Gaaschtland dëst Joer zu Leipzig, mee eng ganz Regioun, nämlech d'Donau-Géigend, déi als Fokus-Thema ervir gehuewe gëtt. De Michel Delage ass fir eis op der Plaz.
Sechs Episoden, kee risege Budget, keng grouss Nimm an trotzdeem schwätzt déi ganz Welt vun engem Dag op deen aneren iwwer "Heated Rivalry". D'Serie erzielt d'Geschicht vun zwee Äishockey-Spiller an hirer geheimer Relatioun. Et geet ëm Rivalitéit, Intimitéit, strukturell Homophobie am Spëtzesport a schlussendlech och ëm Acceptanz.
Den Duo ENGLBRT besteet aus dem Georges Goerens an dem Niels Engel. De Frontmann vu Seed To Tree a One-Man-Show-Songwriter Bartleby Delicate begéint den Jazz-Drummer mam oppenen Horizont. De “Bert” äus ENGLBRT ass bei eis am Studio fir méi z’erzielen iwwert hir nei Single an d'Pläng vun desem Joer.
D’Facette vun der traditioneller Drockkonscht gräifbar maachen, haaptsächlech se engem jonke Public iwwerhaapt emol méi no ze bréngen: dofir maachen sech di ronn 40 Membere vum Printatelier “Empreinte” aus dem Rollengergronn staark. Zum Beispill andeems se Ausstellungen organiséieren, wou een hier Drockkonscht net just gesinn, ma se an Atelieren och konkret erliewen a kreativ entdecke kann. Esou zum Beispill momentan am Ettelbrécker CAPE. Eng vun den Empreinte-Kënschtlerinnen, déi bei der Expo “Printmakers’ Square” mat dobäi ass, ass d’Anneke Walch. Vu datt hier CAPE-Contributioun d’Kerstin Thalau nawell intriguéiert huet, wollt et vun der Anneke Walch méi dozou gewuer ginn.
D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm d’Animatioun vum Site vum Ale Schluechthaus zu Hollerech - a stellt dëse Samschden hir nei Saisonvvir. Dat geschitt mat engem grousse Fest dese Samschden. Nei Richtunge ginn ageschloen, Begéignungen encouragéiert an ee Programm vu Concerte suergt fir Convivialitéit. An et sinn der schlechster Bands keng... D’Creme de la Creme quasi. Bei eis ass de Bob Seyler vun der Stad Lëtzebuerg fir mat eis - net nemen de Season Opening - mee och d’Saison selwer ze schwätzen.
“Exit” steet fir d’Sortie, eventuell fir en Noutausgang. D’Erzielkënschtlerin a plastesch Kënschtlerin Josée Bourg huet décidéiert, hier aktuell Konschtexpo an der Biekerecher Kulturmillen “Exit” ze deefen. Alles muss eraus...och potentiell Visiteuren? Nee: d’Saach ass déi, datt d’Josée Bourg wärend dem kreative Prozess alles eraus gelooss huet, also alles wat hier um Mo louch, respektiv géint de Stréch gaangen ass, fir et mat engem perséinleche Stréch kënschtleresch ze thematiséieren. Zanter dem Montage vun hirer Molereien-, Illustratiounen-, Haiku-Expo fillt si sech vill besser. Mam Resultat a schwaarz a wäiss a gro an allen Nuancë wëllt si iech eppes mat op de Wee ginn. D’Kerstin Thalau ass an der Biekerecher Kulturmillen méi doriwwer gewuer ginn.
Mam Pete Doherty, dem Matbegrënner vun de Libertines an de Babyshambles, an e puer anere Journalistekolleegen ronderëm en Desch ze sëtzen, fir iwwer seng Participatioun um Jury vum LuxFilmFest a seng Implicatioun an der Filmwelt iwwerhaapt ze beschwätzen, erschéngt op den éischten Ablack skuril.
The Notwist verëffentlechen eng nei Plack – knapp fënnef Joer no "Vertigo Days". Fir déi däitsch Band, déi sech meeschtens vill Zäit tëschent den Albe léisst, kléngt dat scho bal no enger Zort Urgence. Wisou "News from Planet Zombie" weder apokalyptesch ass, nach no Schnellschoss kléngt – doriwwer schwätzen de Jeff Schinker an de Marc Clement an hirer Plackerezensioun.