Hosted by radio 100,7 · EN
D'Martha Lomeli ass Doktesch an der Sozialpsychologie zu Liverpool an hat rezent am Gudde Wëllen en Talk iwwer d'Wichtegkeet vu Musek fir déi mental Gesondheet an de sozialen Zesummenhang. Am Gespréich mam Marc Clement geet si der Saach nach eemol op d'Spuer an deelt och e puer Strategien, an iwwerraschend Proprietéite vu Musek.
Am Kader vum LuxFilmFestival war de Moris Garzaro sech d’lescht Woch eng Rei Projete vum Immersive Pavilion ukucken a stellt seng dräi Highlighte aus (oder mat) Letzebuerg vir.
D'Animatiounsserie "Gravity Falls" erzielt d'Geschicht vun den Zwillingen Dipper a Mable, déi hirem Monni Stan a sengem Mystery Shack iwwer de Summer hëllefen. Och wann et relax ufänkt, entdecke mir séier Geheimnisser an iwwernatierlech Evenementer, an d'Zwillinge setze sech zur Aufgab, der Wourecht vum klenge mysteriéisen Duerf op de Grond ze goen.
D’Maeve Moayedi ass eng Lëtzebuerger Sängerin, déi Nu Jazz mat elektroneschen Elementer vermëscht. Dëse Samschdeg, 14. Mäerz, spillt si e Concert an der Église Sainte-Barbe zu Lasauvage - eng Plaz mat enger spezieller Akustik. Vun haut un (12.3.) wäert d'Musekerin an der Kierch schaffen an eng In-Situ-Performance spezifesch fir de Lieu an d’Akustik vun der Kierch entwéckelen. Eng gutt Geleeënheet d'Maeve kennenzeléieren.
Den Documentaire "With Hasan in Gaza" an de Fiktiounsfilm "Mad Bills to Pay"
Den Out Of The Crowd gëtt all Joer vum Schalltot-Kollektiv an der Escher Kulturfabrik organiséiert. De Festival proposéiert Indie-Gréissten an Decouverten. D'Frënn vu Rockmusek an ongewéinleche Mëschunge wäerten och dëst Joer op hir Käschte kommen, mat där, hiren eegene Wierder no häertster Band vun der Welt, als Headliner, mee och ganz gemittlechem Indie-Pop vun Ulrika Spacek. Zesumme mam Nicolas Pzeor schwätze mir iwwer de Programm an den Event.
Déi zwee Fiktiounsfilmer "Blue Heron" an "The Rose of Nevada", an den Documentaire "Endless Cookie"
Viru bal 50 Joer huet d'Elfriede Jelinek mat "Die Liebhaberinnen" ee radikale feministeschen Text iwwer weiblecht Proletariat, toxesch Maskulinitéit a systeemesch Ënnerdréckung verëffentlecht, tëschent Pamphlet a Roman. Der Koxi hir Verfilmung transposéiert de Roman an eng Welt vun digitaler Selbstversklavung an erniddregenden Déngschtleeschtungen - a rett den Humor eriwwer an ee bëssege Film, deen den Owend um véierel fir 9 am Kader vum LuxFilmFest am Kinepolis Kierchbierg leeft. De Jeff Schinker hat d'Koxi an de Co-Dréibuchauteur Antonio de Luca op der Berlinale getraff, wou de Film seng Première gefeiert huet. Mir lauschteren hiert Gespréich.
De Fiktiounsfilm "Nina Roza", an déi zwee Documentairen "Memory" a "Mailin"
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.