Hosted by radio 100,7 · EN
Wann dem Frankenstein säi Monster sech eng Frëndin zesummeschoustere léisst ... Der Maggy Gyllenhaal hiren Horror-Film kombinéiert eng Uklo vun der Gewalt géint Frae mat engem Hommage un den Hollywood-Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätze "The Bride".
De Michel Delage schwätzt iwwer déi zwee Fiktiounsfilmer "Human Resource" a "My Father's Shhadow", a vum Documentaire "My Father and Qaddafi".
De Freideg den Owend hunn d’Grandbrothers hir Tournée zu Lëtzebuerg am Atelier ofgeschloss. De Jeff Schinker war op der Plaz.
Eng cinematographesch Saison am TNL: Kaum leeft "Les voleurs d’amour" aus, scho kënnt mat der Véronique Fauconnet hirer Inzenéierung vu "Big Mother" eng weider Produktioun an den TNL, déi bal cinematographesch Ambitiounen huet a sech wéi eng gutt Tëleesproduktioun kuckt. "Big Mother" vun der Mélody Mourey ass eng Dystopie, déi virum Zerfall vun der Grenz tëschent Fiktioun a Wierklechkeet warnt - a weist, wéi wesentlech d’Roll vum Journalismus haut ass. Eng Kritik vum Nicolas Calmes a Jeff Schinker
Dee portugisesche Schrëftsteller Antonio Lobo Antunes ass gëschter am Alter vun 83 Joer gestuerwen. Nieft dem José Saramago zielt hien zu de bedeitendste portugisesche Schrëftsteller vun der Géigewaart. D’Valerija Berdi mat engem Portrait
Dee luesen an usprochsvolle Rhythmus vum landwirtschaftleche Liewen am Süde vun den USA: Séien, Ernten, Reparaturen, Waarden. Iwwer d'Joreszäiten schaffen d'Famille onermiddlech fir hir Bauerenhäff ze erhalen, trotz finanzielle Schwieregkeeten an dem historesche Verloscht vu Land. Den Dokumentarfilm weist besonnesch wéi Besëtz, Aarbecht a Gediechtnes souwuel d'Iwwerliewe vun dëse Famille wéi och hir onsécher Zukunft prägen.
Roueg schwaarzwäiss Biller iwwer ee ländlecht Liewe charakteriséieren net just de LuxFilmFest-Ouvertures-Film "Rose", deen och am Concours vum Festival leeft, mee och "Seeds", deen éischte Bäitrag an der Dokumentar-Competitioun. D’Valerija Berdi, de Michel Delage an de Jeff Schinker ware gëschter an haut am Kino a beschwätzen déi zwee Filmer.
De Serienuniversum ronderëm de Fantasyepos “A Song of Iceand Fire” aus der Fieder vum George R. R. Martin wiisst ëmmer weider. No “Gameof Thrones” an “House of the Dragon” ass lo “A Knight of the Seven Kingdoms” opHBO Max erauskomm. De Gilles Schreurs stellt d’ Serie fir.
Scho gemierkt, datt Alldagsprodukter méi schlecht gi sinn, mee net onbedéngt méi bëlleg? Dat huet System! "Verkrempelung" nennt dat den däitschen Essayist Gabriel Yoran. Hei en Extrait aus dem leschten Episod vum B-Radio.
Zu Lagos gebuer an zu Lëtzebuerg opgewuess, mécht den Oké Popmusek, déi aus afrikanescher Spiritualitéit, Gender-Fluiditéit a vill Liewensfreed gestréckt ass. Um Mikro vum Marc Clement erzielt dee jonke Museker, wat hien dreift, a wat seng Musek him bedeit.