Hosted by radio 100,7 · EN
De Jeff Schinker an de Marc Clement hu sech 3 nei Placken ugelauschtert. “Indietronica” vun de Londoner Archive, déi kierzlech hiren 13. Studioalbum “Glass Minds” presentéiert hunn ... schonn am Titel eng schéi Metapher dorop, wéi duerchsiichteg déi nei Technologien eis Gedanke maachen. Bei sengem 11. Album als Solokënschtler an ënner dem Numm Apparat ass de Sascha Ring mat an eisem Mix: “A Hum of Maybe” heescht seng nei Plack, d’Vibratioun vun der Ongewëssheet an elektronescher Form? An zulescht huet d’Amsterdamer Türk-Pop Retro-Combo Altin Gün hir 6. Plack “Garip” dobaussen, eng Aart nostalgesch Reflektioun vun den transkulturellen Erliefnesser, déi eis Zäit esou faszinéierend maachen, soe mir elo mol à discuter.
“Here comes the Luxembourg City Filmfestival”; muer den Owend ass d’Opening ceremony. Mee elo schonn, a bis ufanks Abrëll, kënnt Dir parallel dozou “Here comes the sun” entdecken: dem Cercle Cité seng Kontributioun zum Festival, am Ratskeller an der Paschtoueschgaass. D’Multimedia-Expo ass mat “Art, énergie et intelligence naturelle” ënnertitelt. Zesummegestallt gouf se vun Elektron, also der Plattform fir d’Lienen tëschent Konscht, digitalen Technologien, Wëssenschaft a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi d’Françoise Poos an de Vincent Crapon virun dräi Joer lancéiert hunn. “Here comes Kerstin Thalau” fir dem Duo eng Partie sonneg Froen zu hirer Expo ze stellen.
Wat géing Dir maachen, wann Dir all Dag ee Wonsch fräi hätt? Esou geet et engem klenge Meedchen an der neiste Kannersendung vun der brittescher BBC, déi de Lëtzebuerger Sean McCormack realiséiert huet. D‘Claire Barthelemy huet mat him zu London iwwer Inspiratioun, Karriär a queer Visibilitéit geschwat.
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
D'Lëtzebuerger Musekerin huet nei Musek dobaussen. Mir hu mat hir doriwwer geschwat.
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.
No "La dérive des continents" huet de Realisateur Lionel Baier dem Christophe Boltanski säi Roman "La cache" relativ fräi adaptéiert an d'Familljesaga, déi ee Joerhonnert ëmfaasst, op eng Period - déi vu Mee 68 - kondenséiert. D'Paräisser Appartement vun de Boltanskien gouf zu Lëtzebuerg am Filmland nogebaut. De Jeff Schinker huet sech zu Berlin mam Lionel Baier iwwer dee vu Red Lion koproduzéierte Film ënnerhalen.
"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft". Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt. Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.
Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséiert.