Hosted by radio 100,7 · EN
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.
AEM - esou heescht de Solo Museksprojet vun der Ema Macara. Eng Musekerin, déi a Portugal op d‘Welt koum an hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Et kann ee sech an hirer Aircheck Session op elektronesch Popmusek gefaasst maachen, an där Vulnerabilitéit, Danzen, an e bëssen Däischtert am Mëttelpunkt stinn. Ingredienten, déi een dann och op hirer EP “Chaga“ ze héiere kritt, déi am November 2024 erauskoum.
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet. De Jeff Schinker ass nach ëmmer zu Berlin - a mécht eis ee klenge Bilan vum Concours.