
Hosted by RTL Radio Lëtzebuerg · EN

De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter" De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer! De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt! "Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

"Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll. D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschafft huet an dee beim SCRIPT, also dem Service de Coordination de Recherche et de l'Innovation Pédagogique et Technologique vum Unterrechtsministère erauskomm ass. De Band "Déierefabelen" schreift sech an d'Serie "Allerhand" an. Dës Serie riicht sech an éischter Linn u Lycées-Schüler, ass awer och fir aner interesséiert Lieser zougänglech. Am Interview erzielt d'Elise Schmit wéi ee Stellewäert besonnesch d'Déierefabelen an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. a fréien 20.Jorhonnert hunn a wéi dës Texter d'Geschicht vun eisem Land erëmspigelen.

Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreemen si dovun, d'Schëffswrack ze fannen, an dem der Legend no d'Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat haten si sech net erwaart! Am Interview erzielt d'Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais an dem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer déi an der Maach sinn. "Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskomm

"Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Thema kënschtlech Intelligenz huet si dräi Bicher verëffentlecht, déi sech un de grousse Public adresséieren. Dat Neist dovun, mam Titel "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" ass am Hierscht 2025 erauskomm a gouf op der Frankfurter Buchmesse virgestallt. An dësem Interview, deen am Oktober 2025 zu Frankfurt opgeholl gouf, erkläert si wat eng KI alles kann - a wat net. Ausserdeem verréit si, firwat si hir Reese léiwer selwer plangt aplaz sech dofir op KI ze verloossen, a wéi e Séipäerdchen déi kënschtlech Intelligenz zolidd an d'Laberente brénge kann. Déi dräi Bicher "Ein Algorithmus hat kein Taktgefühl" (2019) , "Die KI war's" (2023) an "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" (2025) sinn am Heyne Verlag erauskomm.

Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney, huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen. D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin. An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn. Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet. Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn.

7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An iwwerall ass och eng Grëtz Humor dobäi. Ob fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, déi 7 Held(inn)e bréngen eis zum Laachen. De Jean-Paul Maes ass haaptsächlech als Acteur an Theater-Auteur bekannt, huet awer mat "Rehaugen" (2021) och e Roman erausbruecht. Ënnert deene sëlleche Rollen déi en a senger laanger Carrière gespillt huet, ass och déi vum Erni Tendo an "De Superjhemp retörns" (2018). Am Interview erzielt de Jean-Paul Maes vu senge siwe Personnagen, an hie verréit wat de Léiw (an och de Renert) mat all dem ze dinn huet. "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes ass bei Kremart Edition erauskomm.

Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d'Xavier-Kieffer-Trëppeltier déi den LCTO organiséiert, kann een sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf een sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie "Droneland" fréeën dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...

"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn. Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neitste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Mondorf spillt. Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Mondorfer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis... Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou bewegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen. "Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.

Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel "Diebstahl" ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi een sech op esou en Evenement virbereed. Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech um Site www.ipw.lu nach umellen. D'Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un.

"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit "De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit) Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet". Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.